Kabaret Sténkdéier: Ënnerwee op Biergem
Tuesday, December 1st, 2015Am Moment rullen d’”Kouhändel” esou richteg gutt. Wann zu Maarnech nach e bëssen Onsécherheet ze spiere war, wat am Fong ganz normal ass, esou hu mir eis zu Miersch elo richteg fräi- an agespillt. Mëttlerweil sëtzen den Tempo an de Rhythmus, d’Pause si bekannt an dat alles huet sech méi oder wéineger automatiséiert.
Zu Biergem ass d’Bühn vill méi kleng wéi zu Maarnech an zu Miersch an do heescht et elo nei Weeër fannen. Mee de Sall ass anerersäits esou gutt geeegent fir Kabaret, datt et mir net Angscht ass.
Dat lescht Joer ware mir fir d’éischt am Nëssert an d’Vente waren deemno e bësen zéi, wëll d’Leit eis éischter mat Miersch a Verbindung bruecht hunn. Dëst Joer ass dat anescht: och hei am Minette hu mir mëttlerweil vill Frënn an en ettlech “al Mierscher Clienten” kommen heihinner.