Archive for the 'Bicher' Category
Tonight showtime: Zikelalarm II zu Ettelbreck an der Bibliothéik um 19.30 Auer
Thursday, October 1st, 2015“Et gëtt Situatiounen am Liewen, déi maachen ee gewéinleche Mënsch, ouni datt dien dofir kann, an ouni datt en dat gewollt hätt, zu engem regelrechte Béischt, zu engem Räubdéier, zu enger bluttrünsteger, kalbliddercher Kreatur, déi net zéckt fir iwwer Läichen ze goen.”
Ettelbrécker Bibliothéik 9,place de la Libération, L-9060 Ettelbruck, Tél.: 26 81 15 32
Zikelalarm-II-Tour: en Donneschdeg, den 1.10. um 19.30 Auer zu Ettelbreck an der Bibliothéik
Monday, September 28th, 2015Eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer:
Bildungsreform, Kompetenzsockelen, PEP, Zikelen, PRS, Smily-Evaluatioun, Portefolio-Orientatioun, Charta-Hysterie a Ballermann-Pedagogik…
Edukatioun ass ee ganzt schwéiert Geschäft an Humouer ass, wann een trotzdeem laacht!
“No dem Zikelalarm 2013, dien de Roland Meyer mat immens groussem Erfolleg uechtert d’Land opgefouert huet, leet den Auteur, Musiker, Kabarettist a … Schoulmeeschter elo no: den Zikelalarm II hëlt déi pädagogesch Situatioun am Ländchen op de Leescht a liicht bis déif an déi däischterst Lächer an de Klassesäll, de Maison relaisen an de Ministèren: ee ganzt Land weess net méi, wéi et soll seng Kanner erzéien an dobei kann de Roland Meyer net roueg nokucken. Hien zéckt net fir de Fanger ze weisen an de Mond opzedoen.”
Zikelalarm I ass elo och als Buch bei “Op der Lay” erauskomm a kascht 9,90 €.
Tonight showtime: Zikelalarm II zu Bur (born) an der Auberge “an der Brennerei” um 19.30 Auer
Saturday, September 26th, 2015Reservatiounen: Tel.: 730037 0der 730385 oder vevelux@pt.lu
35, Duerfstrooss
Mat engem Zalotebuffet ronderëm eng gutt Rieslingspaschtéit
Tonight showtime: Zikelalarm II zu Réiden am Zärenhaus um 19.30 Auer
Thursday, September 24th, 2015Zärenhaus
1, rue de Niederpallen
8506 Redang
D’Genderhaus invitéiert Iech op eng kabarettistesch Liesung: Zikelalarm II mam Roland Meyer.
No dem Zikelalarm 2013, dien de Roland Meyer mat immens groussem Erfolleg uechtert d’Land opgefouert huet, leet den Auteur, Musiker, Kabarettist a Schoulmeeschter elo no: den Zikelalarm II hëlt déi pädagogesch Situatioun am Ländchen op de Leescht a liicht bis déif an déi däischterst schwaarz Lächer an de Klassesäll, de Maisons relaisen an de Ministären: ee ganzt Land weess net méi, wéi et soll seng Kanner erzéien an dobei kann de Roland Meyer net roueg nokucken.
Hien zéckt net fir de Fanger ze weisen an de Mond opzedoen. “Zikelalarm” ass eng kabarettistesch Liesung zum Thema Edukatioun am Allgemengen, mat Schwéierpunkt op de Reformen an de Grondschoulen. Den Entrée ass fräi Umeldung am Genderhaus.
Tonight showtime: Zikelalarm II an der Stad am Cercle Cité um 18.30 Auer
Tuesday, September 22nd, 2015- Entrée libre.
- Réservation par téléphone ou bien par email dans la limite des places disponibles.
- Merci de téléphoner au 4796-2732 ou d’envoyer un email: bibliotheque@vdl.lu
- Lecture en langue luxembourgeoise.
Zickelalarm II:
No dem Zickelalarm 2013, dien de Roland Meyer mat immens groussem Erfolleg uechtert d’Land opgefouert huet, leet den Auteur, Musiker, Kabarettist a … Schoulmeeschter elo no:
den Zickelalarm II hëlt déi pädagogesch Situatioun am Ländchen op de Leescht a liicht bis déif an déi däischterst Lächer an de Klassesäll, de Maison relaisen an de Ministèren: ee ganzt Land weess net méi wéi et soll seng Kanner erzéien an dobei kann de Roland Meyer net roueg nokucken.
Hien zéckt net fir de Fanger ze weisen an de Mond opzedoen.
Den “Zikelalarm-Hierscht”
Thursday, September 3rd, 2015Hei emol, eng net ganz komplett Zesummestellung vun den Zikelalarm-II-Liesungen am Hierscht:
22.9.: Cité-Auditorium an der Staat
24.9.: Réiden un der Attert am Zärenhaus
26.9.: Bur an der Brennerei
1.10.: Ettelbréck an der Bibliothéik
10.10.: Aalt Staathaus zu Déifferdeng
11.12.: Heemspill zu Consthum am Centre Culturel
19.1.: Ofschloss zu Miersch an Kulturhaus
Den Zikelalarm II ass en neien Text, am kabarettistesche Stil vun Zikelalarm I, dien elo als Buch bei “Op der Lay” erauskoum.
19.9.: Bicherfest zu Veinen
Thursday, September 3rd, 201519.9. an den 20.9.: Bicherfest zu Veinen!
Um 16.00 Auer liesen ech samschdes de 19. an der Salle des banquets am Schlass aus “Roughmix” an “Zikelalarm”.
Flott och de Claude Mangen die selwechten Owend am Ancien Cinéma iwwer de René Engelmann: “Wuddert dir eleng virun…”!
Zikelalarm op RTL
Friday, August 21st, 2015Villmools merci dem Bea Kneip fir dëse flotte Reportage.
Hei kommt dir dohinn a vergiesst net ze lauschteren!
Geschwënn fand dir hei d’Datumen vun der Zikelalarm II - Tour am Hierscht. Lass geet et am September zu Veinen!
Summergeschichten…
Friday, August 21st, 2015Hien hat schonn op si gewaart. Op der Terrasse, direkt iwwer dem Mier. Si hat dat erwaart, mee wéi si d’Trapen erofkoum, huet si méi laang gebraucht, wéi déi dräi lescht Deeg. Si huet all Bild ënnerwee bekuckt, all Dëschelchen, all Fotell, déi hei stung, bei dier si sech schonn e puermol gefrot hat, ob iwwerhaapt jeemools ee Mënsch sech géif dora sëtzen.
Hien hat e Cappuccino bestallt, zum Gléck kee Latte macchiato, duecht si, hien hat säi Sonnebrëll op an huet iwwer d’Mier gekuckt. Si ass ee Moment stoe bliwwen, huet och de Sonnebrëll aus hierer Posch geholl, obwuel den Himmel sech net konnt decidéieren. D’däischter Wolleke gouf et der vill de Moien, de bloen Himmel ass am Moment just eng wag Hoffnung bliwwen.
Hien ass opgestanen, wéi si koum. Dat huet hieren Androk weider bestäerkt, datt hien op eng eegen Aart a Weis nieft der Zäit gelieft huet. Gëschter owend wollt hien zréck, hie wollt net bei hier bleiwen, um Zëmmer mat hier déi éischt Nuecht verbréngen, hie wollt nach an d’frësch Loft, hat hie gelunn.
Och si huet ee Cappuccino bestallt an huet sech nieft hie gesat. Bal hat si gefrot, ob si dat dierft. Nieft hien, net vis-à-vis vun him. Esou kënnten si zu zwee d’Vue op d’Mier genéissen, huet si gelunn.
D’Dauwen op der Terrasse waren hier schonns déi lescht Deech opgefall. Si hu gelauert. Bis een Hotelgaascht un de Buffet gaangen ass, an eppes op sengem Teller zréckgelooss huet. Da si se decidéiert - aggressiv hat si geduecht - zu hierer fënnef oder sechs op dien Dësch geflu komm, an hu sech ëm dat Stéck Brout oder Kéiss oder Saumon oder Croissant oder Ham oder Kuch oder Uebst gestridden. Et war alles am Iwwerfloss do. Dacks waren d’Garçonen an hieren Uniforme gelaf komm fir se ze verdreiwwen, mee et ass hinne net gelongen. Méi wéi eng Kéier war eng Tas oder ee Glas, heiansdo och een Teller, op de Buedem gefall a mat engem haarde Klake gebrach.
D’Dauwen hunn dann an hierem Hannerhalt gewaart a si bekuckt, aus hiere ronne Vullenaen. Hitchcock duecht si.
Wéi d’Flüchtlinge sot hien.
Si wousst net, ob si sollt opstoen a goen.