Archive for the 'Bicher' Category

Tel Mo op Facebook - Ee grousse Spaass!

Thursday, July 6th, 2017

Ech weess net, ob dir op Facebook sidd?

Ech hunn do elo e “Spill” ugefaangen, wat ech vun Dag zu Dag méi interessant fannen a wat mech och als Auteur fuerdert: ech hunn eng Facebook-Säit fir den Telmo gemaach:

https://www.facebook.com/deschwaarzeritter/

Elo gëtt et schonns eng Rei Leit, déi do mam Telmo schwätzen, him verzielen, wéi si seng Geschicht fannen etc. An dat ëmmer a vollem Bewosstsäin, datt den Telmo eng erfonte Persoun ass, an datt ech et sinn, dien am Telmo sengem Numm äntwert.

Et ass iewer trotzdeem spannend, mat dem Haaptpersonage aus engem Buch ze schwätzen, oder eben ze schreiwen, an elo froen ech mech schonns, ob et och Kanner gëtt, déi sech no der Lektür, oder während der Lektür traue wäerten, den Telmo ze kontaktéieren.

Mech ging et freeën.

D’Buch kënnt dir hei bei Op der Lay kafen…

Tel Mo - fäerdeg gedréckt… elo muss en nach just an d’Librairie kommen

Friday, June 30th, 2017

Hei de Pressetext:

“2009 ass dem Roland Meyer säi lescht Kannerbuch “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” erauskomm. Dono koume just nach Bicher fir Erwuessener an et huet een sech schonns d’Fro gestallt, ob et de Kannerbuchauteur Meyer net méi géif.

Elo huet hie mat “Tel Mo” nees e “Kannerbuch fir erwuesse Leit” erausbruecht, grad esou wéi “Den décken dommen Dudu” vun 2004 a “Mango Panda” vun 2007. Mee wat genee mengt den Auteur domat?

An engem Interview mat der Buchbloggerin Jessica Mersch seet hien: “Well nëmmen erwuesse Leit dës Texter verstoe kënnen, nennen ech se Kannerbicher fir erwuesse Leit. Dobei huet „erwuessen“ näischt mam Alter ze dinn. Vill Leit si scho mat zing Joer erwuessen, anerer sinn et och mat fofzeg nach net. Esou Bicher setzen eng gewëss Ofgekläertheet, Geloossenheet an Distanz beim Lieser viraus, déi esougenannte „groussjäreg“ Leit nach laang net ëmmer hunn, dacks iewer Kanner a Jugendlecher.”

Ab dem Cycle 4 vun der Grondschoul an an de Lycéeën ass dëst Buch deemno ze liesen. Et ass iewer och allen erwuessene Leit, déi mat Kanner ze dinn hunn oder mat hinne schaffen un Häerz geluecht: Elteren, Enseignanten, Proffen, Educatricen an Educateuren, …

Den Telmo ass no villem hin an hir an engem “Foyer fir Kanner mat Verhalensopfällegkeete” geland, well en eppes Schlëmmes gestiicht huet. Do begéint hien dem Pit, dien am Foyer schafft, a vläicht dien éischten ass, dien den Telmo eescht hëlt. An hie begéint dem Selina, dat mat sengen Elteren aus dem Maroc fortgaangen ass, fir hei zu Lëtzebeuerg besser kënnen ze liewen. Den Telmo, die portugisesch Elteren huet, iewer kee portugisesch schwätzt, diem de Papp an een Doheem feelen, léisst hei am Foyer nach eng Kéier seng Kandheet Revue passéieren. An do wonnert een sech, wat esou ee Kand vun 12 Joer schonns alles erlieft huet.

De Roland Meyer beschreift d’Zerrassenheet vun engem jonke Mënsch zwësche Lëtzebuerg a Portugal, zwëschen diem “alen, richtege Papp” an der “Mamm hierem Neien”, zwëschen zwou Kulturen an der Hoffnung op eng besser Zukunft souwéi der Angscht virun diem, wat op en zoukënnt.

Tel Mo - ligne d’arrivée

Tuesday, June 27th, 2017

Vun Op der Lay a Reka kruet ech elo d’Zouso, datt den Tel Mo dës Woch kënnt. Et gesäit also wierklech aus, wéi wann e fir den 1.7. do wir! Ech freeë mech immens.

Op Facebook hunn ech eng Tel-Mo-Säit ageriicht. Alles wat den Telmo ze soen huet, deelt hien do mat, a senger Sprooch, esou wéi hien dat ebe seet a mécht. Wann dir dorun interesséiert sidd, hei de Link: https://www.facebook.com/deschwaarzeritter/

Neies vum Tel Mo

Sunday, June 18th, 2017

… oder besser vun “Op der Lay”: den 1. Juli soll dat neit “Kannerbuch fir erwuesse Leit” do sinn.

D’lescht Joer, “et wor esou em Päischten” an et stung och dunn alles an der Bléi, em Päischten ass dat och éischter normal, hunn ech ugefaangen mam Schreiwen. Am Februar dëst Joer sinn ech fäerdeg ginn an zanterhir ass et verbessert, verschéinert, gelayout, gecovert a gedréckt ginn.

An elo dauert et net méi laang.

De Bichergeck

Wednesday, May 31st, 2017

Vill Aarbecht huet sech d’Madame Jessica Mersch op hierem Blog “De Bichergeck” gemaach. Hei den Interview, dien si mat mir gemaach huet. Dono fand Dir och d’Linken zu de Rezensiounen vun dienen eenzelne Bicher.

Här Meyer, Merci dass Dir Iech Zäit huelt, fir mir op meng Froen ze äntweren, et sinn der e puer méi ginn, wéi geduecht!

Dat ass ganz gär geschitt, a Merci soen ech.

1) Wéi sitt Dir zur Schreiwerei komm? Gëtt et do eng Geschicht dozou?

Iwwert de Kannertheater sinn ech dozou komm. Ech hun, no e bëssen Ausprobéiere mat friemen Texter, ugefaangen, selwer Theaterstécker fir d’Kanner ze schreiwen. Dono koumen déi éischt „Kannertheater-Romaner“ „Eng Foto vum (Klëppel)Krich“, „Dem Kinnek säi Gaart“ an „Iwwer der Leeder“ eraus, an dunn hat ech geléiert ze goen, an ech hun e ganze Koup Kannerbicher geschriwwen. Eréischt vill méi spéit hun ech ugefaangen, Bicher fir Erwuessener ze schreiwen, an ech gesi mech eigentlech ëmmer nach als Kannerbuchauteur. Natierlich hun ech nieft de Bicher stänneg och fir de Kabaret geschriwwen.

2) Wéi waren d’Reaktiounen op Är Bicher Zikelalarm 1 an 2? Zumools am Enseignantberäich?

Ech hat nach ni esou vill Feedback kritt, wéi bei dëse kabarettistesche Liesungen, déi op Wonsch vu ganz ville Leit, net nëmmen Enseignanten, nodréiglech och als Bicher publizéiert goufen. An dat erklären ech mir dohir, datt se dat a Wierder faassen, wat vill Leit geduecht hunn.

3) Am Zikelalarm 1 ass riets vum ‘décken dommen dudu’, vun Iech gëtt et och ee Buch wat esou heescht.
Ass dat dee selweschten?

Jo.

Ass e fiktiv?

Jo.

A firwat kënnt en am Zikelalarm vir?

Well ech esou frou mat em sinn a mech esou gutt mat him identifizéiere kann. ;-)

4) Dir schreift Satir, Kannerbicher a Bicher fir Erwuessener… Wat maacht Dir am léifsten?

D’Liewe weist, datt grad déi eeschtgemengste Saachen sech dacks als (Real-)Satir erausstellen. En plus sinn ech kee Mënsch fir d’Tiräng. Ech verbanne gär villes mateneen fir ze erkennen, wéi d’Saachen zesummenhängen: ech schreiwen elo grad op mengem fonkelneien Tablett, dien ass esou glat wéi d’Haut vun de Männer no der Ganzkierperrasur, an déi ass esou glat ,wéi d’Ambientmusek, déi aus der Bar eriwwerflitt, an déi ass esou glat wéi d’Aussoen an d’Handele vu ville Politiker, diene mir déi aktuell Situatioun ze verdanken hun… Ech maache Musek, ech maache Kabaret, ech maache Kannertheater, ech maachen Texter an ech maache mäi Privatliewen; wéi a wou soll een do Grenzen zéien an Tiräng araumen?

5) Mango Panda ass ee Jugendbuch, a gëtt aus der Siichtweis vum Linda (zwielef Joer) erzielt.
Ech fannen, Dir hutt Iech wierklech gutt an hatt eraversat, d’Sprooch, d’Gefiller, etc, …
Wei hutt Dir dat gemaach?
Do war joerelaang Schoulerfahrung wahrscheinlech vun Virdeel?

Eraversetze geet net. Et fonktionéiert nëmmen, wann d’Linda och een Deel vu mir ass. Esou Texter liewen vun der Empathie an der Léift zu de d’Protagonisten.

6) Den décken dommen Dudu ass ee Kannerbuch fir Erwuessener …
Firwat?

Well nëmmen erwuesse Leit den Text kënne verstoen. Dobei huet „erwuessen“ näischt man Alter ze dinn. Vill Leit si scho mat zing Joer erwuessen, anerer sinn et och mat fofzeg nach net. Esou Bicher wéi „Den décken dommen Dudu“ oder och „Mango Panda“ setzen eng gewëss Ofgekläertheet, Geloossenheet an Distanz beim Lieser viraus, déi esougenannte „groussjäreg“ Leit nach laang net ëmmer hun, dacks iewer Kanner a Jugendlecher.

7) Wéi laang hutt Dir fir d’Romaner Roughmix a Muedebëtzeg gebraucht?
Waren do méi Recherchen néideg?

Zwëschen engem gudde Kanner-, Jugend- oder Erwuessenebuch gëtt et keng Ënnerscheeder, wann een et seriö ugeet. A wann een eppes recherchéiere muss, dann ass dat fir all Zort vu Buch grad esou wichteg a laangwiereg. Schreiwen ass haart Aarbecht an huet vill mat Disziplin an näischt mat Romantik ze dinn.

8) Wat liest Dir privat am léifsten?

Ech loosse mech do ganz gär vu gudder Literaturkritik leeden, fir den Iwwerbléck net ze verléieren. Ech wëll mech do iewer weder op Auteuren, nach op Genren oder Spooche festleeën. Eng liicht Präferenz spieren ech ëmmer nees fir modern englesch an amerikanesch Literatur.

Hutt Dir ee Liiblingsbuch, ee Liiblingszitat?

Vill esou Bicher an een Zitat:
Das Fräulein stand am Meere / und seufzte lang und bang
Es rührte sie so sehre / der Sonnenuntergang
Mein Fräulein sein sie munter / das ist ein altes Stück
Hier vorne geht sie unter / und kehrt von hinten zurück
Heinrich Heine

9) Wien ass Är allerléifste Romanfigur?

De Felix Bellibimbam

10) Wat hutt Dir léiwer?
Ebook oder Pabeierdrock?

Dat ass mir egal. Just wann ech am Buch wëll schaffen, da braucht ech den Text um Pobeier.

11) Wéi géift Dir de Schoulsystem an dräi Wierder beschreiwen?
Mengt Dir, mir kréien dat nees riicht gebéit?

Onzäitgeméis, onflexibel, oncool!
Riicht ass op dëser Welt nach ni eppes gewiescht, just d’Kughel aus der Flënt. Et geet also dorëms, datt de Schoulsystem net méi no hanne kuckt, mee noch vir. An do sinn ech mëtteloptimistesch, et gëtt eng Rei gutt Usätz, mee déi konservativ Arthros verhënnert nach villes.

12) Wéi géift Dir Iech an dräi Wierder beschreiwen?

Quadratesch, praktesch, gutt!

13) Dir maacht och Musek … Inspiréiert d’Musek zum Schreiwen, oder ass et ëmgedréit?

Musik inspiréiert zu alles!
Et ass de Ritmus, dien eist Liewe bestëmmt, et sinn d’Harmonien, déi eis zesummeschaffe loossen an et sinn d’Melodien, déi eis Gefiller ausmaachen.

14) Wéi huet sech Ärt Liewen no deenen éischten Veröffentlechungen a Präiser verännert?

Guer net.

15) Verschenkt Dir och Bicher? Wa jo, wéieng?

Ech versichen dem Beschenkten e bësse vu menger Begeeschterung fir ee Buch matzeginn, esou wéi Dir et mat Ärer Arbecht hei och maacht. An der Lescht hunn ech vill Kate Tempest, als Musek an als Text, verschenkt.

16) Wéieen Tipp kënnt Dir jonke Schoulmeeschteren nach mat op de Wee ginn?

All Kand respektéieren, vu senge Stärkten ausgoen, sech fir säi kulturellen, sozialen a sproochlechen Hannergrond interesséieren, sech decidéiert op seng Säit stellen. Et geet net em Programmer a Wochepläng a Kompetenzen a Bilanen … a Léierpersounen, mee dat alles ass wéinst dem Kand do.

17) A wéieen Tipp kënnt Dir jonke Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Ganz vill liesen, ganz vill schreiwen, ganz vill liewen.

An hei d’Linken:

Roughmix

Zikelalarm I

Zikelalarm II

Mango Panda

Muedebëtzeg

Den décken dommen Dudu

Merci Mme Mersch

Food-Leaks, dien neie Soloprogramm

Sunday, May 21st, 2017

Vum Dezember u geet die neie Soloprogramm op Tour: Food-Leaks.

Wann Dir een Owend wëllt buchen, da meld Iech elo bei mir.

An heirëms geet et:

Food Leaks - Eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer
“Du bass wat s du ëss!”, sot emol ee méi oder manner gescheite Mann an esou stellt sech dann och direkt folgend Fro: Ernäert sech ee Populist anescht wéi een Nationalist, ee Sozialist, ee Kommunist oder soss een Artist?
Kachkéis, Quetschentaart a Bouneschlupp fir déi Konservativ a Sushi, Tofu a Smoothy fir déi Progressiv? Wann ëmmer alles esou einfach wir!
A wou gëtt hei am Ländchen iwwerhaapt d’Politik gemaach? Mat Sécherheet net um Krautmaart. Hei bei eis gouf, gëtt a wäert déi och ëmmer um Dësch, am Restaurant, am Bistro, op Grill-, Dëppen- an a leschter Zäit och ëmmer méi dacks op Oktoberfester gemaach ginn. Well do seet de Lëtzebuerger, wat en denkt.
Fir Iessen an Drénken ass deemno beschtens gesuergt!
Nom groussen Erfolleg vu sengen “Zikelalarm-Programmer” hëlt de Roland Meyer an enger neier kabarettistescher Liesung de Mond gehéierlech voll an zervéiert Iech e spektakuläre Menu: Fastfood, guttbiergerlech Kichen an Haute Cuisine aus engem Land, an diem Ausdréck wéi “gutt a vill” grad esou wéi “Fräibéier” nach ëmmer ee ganz besonnesche Klang hunn.

Vun engem dien ausgezunn ass, e Buch ze schreiwen…

Friday, May 5th, 2017

… an dat zu Lëtzebuerg!

Cervantes - do fills de dech wéi den Don Quichotte… die géint Wandmillen untrëtt ;-)

“Ännert sech dann elo eppes!”, ginn ech da gefrot.

Elo schreiwen ech schonns iwwer 30 Joer laang Kabaret, a wann dat ging eppes bewierken, da ginge mir an enger besserer Welt liewen. Deemno kee Grond sech opzereegen.

Hei déi ganz kabarettistesch Liesung iwwert de Lëtzebuerger Literaturbetrib op 100,7.

Tel Mo - déi nächst Etapp

Monday, April 24th, 2017

Dat neit Kannerbuch fir erwuesse Leit gëtt geschwë fäerdeg!

D’Korrekturen sinn esou wäit ofgeschloss, de Layout ass an der Maach a ganz gespaant waarden ech op déi éischt Entwërf fir de Cover.

Et ass d’Geschicht vun engem portugisesche Jong, diem säi Papp zréck a Portugal gaangen ass, diem seng Mamm een “Neien” huet an dien, elo wou en an d’Pubertéit kënnt, ëmmer manner gutt mat sengem Ëmfeld eenz gëtt.

Jo, d’Buch ass eescht, iewer mat ganz vill Humouer verzielt, jo, et ass real, an trotzdeem wees de net ëmmer, wat wierklech geschitt a wat erfond ass.

Et ass kritesch mee stécht voller Hoffnung, et ass eng Chrëschtgeschicht an dier iewer keng Kaddoë gemaach ginn…

Geschwënn ass et esouwäit.

Mäin éischt Kanner-a Jugendbuch zanter 2009!

Tel Mo

Monday, March 13th, 2017

Dat neit Kannerbuch geet op déi lescht Kilometer. De Manuskript ass fäerdeg, mir schaffen un de Korrekturen, da geet et bei Op der Lay, an da, wann alles riicht ausgeet, kënnt et …

Just elo emol esou vill: et ass nees wéi den “Décken dommen Dudu” ee Kannerbuch fir erwuesse Leit an et huet wuel dat schéinst Happy-End, dat een sech virstelle kann.

Gedold!

E Broch - Text aus “Eng Dier an d’Welt” vun “20 Joer Freed um Liesen”

Wednesday, January 25th, 2017

„Dat ass ee Broch“, hat den Dokter gesot. „Die musse mir operéieren.“
Mat siwe Joer weess een net, wat e Broch ass. Et huet een och nëmmen eng vague Virstellung, wat operéieren ass. Mee et spiert een, datt dat alles näischt schéines ass. Den Openthalt an der Klinik, dat schlecht Iessen, du kanns dech net bewegen, muss am Bett leien.
Eng eeler Nonn sollt mir d’Stéch eraushuelen. „Deet dat wéi?“, hat ech se gefrot. „A wouhier“, hat si geäntwert a mir an d’Gesiicht gelaacht. „E bëssen, net vill“, hat meng Mamm se verbessert, an ech hat verstan. „Kann ech dat selwer maachen?“, hunn ech d’Nonn gefrot. Ech hunn um ieweschten Eck vun der Plooschter gepiddelt. Mee déi war esou gutt wéi mat menger Haut verschmëlzt. Ëmmer wann ech dru gezunn hunn, ganz lues a virsiichteg, hunn ech de Schnatt vun der Operatioun gespuert.
„Komm, mäi Jong“, sot d’Nonn, „ech hëllefen dir.“
„Léiwer net“, sot ech an hu weider probéiert. Der Nonn ass d’Zäit laang ginn.
D’Dir ass opgaangen. Den Dokter koum eran. „Wéi, ass d’Plooschter nach ëmmer drop!“
Ech hunn ee Moment opgekuckt, fir die Mann, die mir d’Liewe gerett hat, ze bewonneren, an du war et och scho geschitt: déi hannerhälteg Nonn hat mäi Virwëtz ausgenotzt. Hier Fangeren haten de Wupp vun der Plooschter ze pake kritt a mat engem Geräisch, dat ech bis haut net vergiess hunn, dien zéie Plastik an engem Zock erofgerappt. Ech hunn ausser mir op dien déifroude Schnatt gekuckt, die mat engem Zwir onregelméisseg zesummegebutt war.
Wéi meng Mamm mech nees mat mengen Bett op d’Zëmmer gerullt hat, huet si sech nieft mech gesat, an aus hirer Posch ee Pak erausgezunn. Fir ee Matchbox-Auto war de Pak ze grouss. Fir eng „Schéiss“, eng Pistoul mat Knupperten op enger rouder plastiks Rull, war de Pak ze schmuel, an och fir ee Sprëtzrevolver huet en net gepasst.
De Pak war schwéier, en hat Gewiicht. Op den Ecke war e spatz. Et war kee Plastik mee e Buch, e Liesbuch, mat ville Buschtawen, a mat just e puer Biller. Ech war esou enttäuscht, wéi nach ni a mengen Liewen.
Ouni d’Buch wieder ze bekucken, hunn ech et op d’Decke vum Bett geluecht. D’Wonn huet wéigedoen an ech war duuschtereg an hongereg. Meng Mamm huet d’Buch an de Grapp geholl, et opgeschloen an ugefaangen draus virzeliesen.
D’Wierder si laanscht meng Ouere gefladdert a wéi Seefeblosen iergendwou an der Keelt vum Klinikszëmmer geplatzt. Mee op eemol hunn ech ugefaangen, hinnen nozelauschteren, a se hunn eng Bedeitung kritt. Am Ufank huet et mech net interesséiert, wat déi zwee Kanner, vun dienen d’Wierder verzielt hunn, am Fort La Latte wëlles haten. Mee dunn hunn ech matkritt, datt et em ee Schatz gaangen ass, die viru laanger Zäit verstoppt gouf, an datt scho vill Leit dono gesicht haten.
Ech hu gemierkt, datt et ronderëm mech net méi no Klinik geroch huet, mee nom Mier. Ech hunn de Wand gespuert, ech hunn d’Méiwen héieren an d’Donnerwieder, dat an d’Land gezunn ass. Ech war an der Festung, ech hunn do no Gold, Sëlwer an Edelsteng gesicht. Ech hat keen Honger a keen Duuscht méi, wëll ech hu missen op déi zwou verdächteg Gestalten oppassen, déi spéit owes iwwer d’Festungsmauere geklomm sinn.
„Lies weider!“, sot ech.
„Ech muss elo heem“, sot si.
„Nach e bëssen, just nach zwou Säiten.“
Déi zwee Luscher haten elo gemierkt, datt d’Kanner si verfollegt hunn.
„Nach eng Säit!“
„Nee, elo geet et duer!“
D’Kanner si séier erof bei d’Mier op der Strand gelaf, an hu sech an enger Hiel verstoppt.
„Bis mar!“
Wéi si fort war, hunn ech d’Buch bekuckt, dat op hirem Stull, nieft mengen Bett, leie bliwwe war. Laang hunn ech et bekuckt…
Et huet immens wéi gedoen, wéi ech mech am Bett opgeriicht hunn. Ech hunn ee Moment gefaart, d’Wonn kënnt nees opplatzen. Et huet nach méi wéigedoen, wéi ech die rietsen Aarm ausgestreckt hunn, mee ech hunn d’Buch tatsächlech ze pake kritt, hu mech zréck a meng Kësse fale gelooss an hu séier no dier Plaz gesicht, wou d’Mamm eng vun de Säiten emgediebelt hat.
Die Geroch vum neie Buch hunn ech haut nach an der Nues. Ech war esou gespaant fir wiederzeliesen, datt ech net lues gemaach hunn: ech hunn d’Buch regelrecht opgebrach, et huet do, wou et gebonne war, gekréckelt. Meng Mamm hat d’Säite ganz duuss a virsiichteg ëmgedréint, ech hu se elo mat aller Kraaft opgeschloen an et konnt ee gutt den Ënnerscheed zwëschen diene Säite gesinn, déi ech gelies a si virgelies hat. Haut maachen ech dat nach genee esou. Et gesäit een de Bicher of, wann ech se gelies hunn.
An ech hu wierklech verstanen, wat all déi sëllech Buschtawe bedeit hunn, wat se mir sollte soen. Et ass mir virkomm, wéi wa se just fir mech dohinner geschriwwe goufen, nëmme fir datt ech se sollt entzifferen, entbuschtawéieren: Ech war an der Bretagne, obwuel ech die Numm bis dohinner ni héieren hat. Ech war op der Buerg, ech war um Strand, ech si laanscht d’Mier spadséiert. Ech hu mat dienen zwee Kanner geschwat, ech hu mat hinne geziddert, ënnen, an der Hiel, wéi déi zwee Gangster laanscht geschlach sinn. Och mir ass d’Häerz stoe bliwwen, wéi dien ee vun hinnen op eis Spueren am Sand gewisen huet.
Ech misst iewer elo d’Luucht ausmaachen, sot d’Schwëster zu mir, et wier elo schonn no aacht Auer. „Nuecht“, sot ech mee ech hu weidergelies, wéi si d’Dir zou hat.
Vun diem Moment un hunn ech weidergelies. Ech hunn net méi opgehal mat liesen, bis haut net. Ech hu weidergelies, an ech si gewuer ginn, datt die verschwonnene Goldschatz an de Kanounekugele verstoppt war, déi bei der Entrée vun der Buerg louchen, an datt déi zwee Luscher tatsächlech keng Gutt waren an zum Schluss an de Prisong koumen. Ech hu weidergelies, an ech hunn de Long John Silver kenne geléiert, de Captain Ahab an den Tom Sawyer. Ech sinn duerch d’Welt gereest, war zu Batavia an op Sumatra, ech war dobäi, wéi d’Nord-West-Passage fond an de Südkontinent entdeckt goufen. Ech hunn d’Anne an d’Christiane kenne geléiert, den Jack an de Steppenwolf.
Hätt ech net gelies, wiere si mir ni iwwer de Wee gelaf. Virun allem iewer hunn ech beim Liesen ee kenne geléiert, die mir bis dohinner onheemlech friem war: mech selwer.