Archive for the 'Musik' Category

D’”Winklepickers” um Blues’n Jazz Rallye 2012

Tuesday, July 17th, 2012

An hei spille mir:

Blues Hill Stage - Rue de la Tour Jakob - Pont CFL

um genee 23.30 Auer; et wir flott, wa mir eis do begéine gingen!

An dat hei schreift den Organisateur :-) :

Les quatre larrons vont enflammer la scène et leur public. Connu pour son interprétation du Chicago Blues, le groupe se sent pourtant influencé par le style assez dur, puissant et direct britannique, joué par des groupes comme Dr. Feelgood et Nine Below Zero. Leur spécialité est l’interprétation contemporaine de classiques du blues d’antan d’auteurs comme Muddy Waters, Willie Dixon, Elmore James ou encore Sonny Boy Williamson. Le tout est complété par des morceaux de blues moderne ainsi que par des compositions propres.

Hei gëtt et Informatiounen iwwer de BNJR

Nach zwee Winklepickers-Gigs virum Hierscht

Monday, July 9th, 2012

Nach zweemool sinn d’Winklepickers ze gesinn, ier et an d’Hierschtpaus geet:

- Blues’n Jazz Rallye Luxembourg 2012, den 21.7.

- Blues op der Musel, den 28.9.

Besicht de Site vum Lëtzebuerger Bluesclub fir méi Informatiounen iwwer déi zwee Gigs: Rallye a Blues op der Musel

D’Hierschtpaus kënnt virun allem, wëll ech da mam Kabaret Sténkdéier de Programm “Eng hallef Millioun Expären” zu Miersch presentéieren.

Blues’n Jazz Rallye 2012

Friday, June 22nd, 2012

Natierlech sinn d’Winklepickers den 21.7.2012 och nees mat derbei!

Informatiounen gëtt et deemnäechst hei…

an hei !

De 9.6.2012 spillen d’Winklepickers an der Buerg

Monday, June 4th, 2012

Nodeems et dat lescht Joer wéinst enger Krankheet net geklappt hat, si mir dëst Joer present: d’Winklepickers spillen e Samschdeg zu Buerglënster bei “Blues an der Buerg”.

Hei de Programm:

BLUES STAGE
19.30 – 20.15    Crossroads

20.45 – 21.30    The Winklepickers

22.00 – 22.45    Sneaky Pete


TENT STAGE

19.00-19.30       Fanfare Bourglinster

20.15 – 21.00    John DELL Jazztet

21.30 – 22.15    Fun Brass Dixie Band

An hei de Site vun de Winklepickers

An der Abtei Neimënster an an der Revue

Friday, May 25th, 2012

D’Winklepickres spillen haut an der Abtei Neimënster. Opgepasst, et geet schonns um 18.00 Auer lass.

Hei och en Artikel, dien an der Revue vun dëser Woch ass.

“The Winklepickers” an der Abtei Neimënster

Monday, May 21st, 2012

Endlech nees Zäit fir Musik!

Mir spillen elo eng Rei Concerten an dienen zwee nächste Méint mat vill Material vun “Haddocks and French Kisses”.
Den Optakt mécht:

Blues after work 25.5.2012
Dono:
Blues an der Buerg zu Buerglënster 9.6.2012
An de Blues and Jazz Rallye 2012 am Gronn 21.7.2012

“Haddocks and French Kisses” - pure Marshall-Sound

Sunday, March 4th, 2012

Déi lescht Deg sinn ech e puermol gefrot ginn, wéi die stueraatzechen, direkte Guitarsound vun der neier Winklepickers-CD “Haddocks and French Kisses” zustane koum.

Ma ganz einfach: als Gitar hunn ech déi roud Tele (American Standart ‘95)  an heiansdo déi wäiss Stratocaster (och American Standart ‘95) benotzt.

De Sound kënnt iewer exklusiv aus zwee Marshall-Käpp: een ‘70 JMP 100 (alles ausser zwee Lidder) an engem JCM 800. Et sinn iwwerhaapt keng Effekter benotzt ginn, just Gitar - Kabel - Amp. De Grad vun der Verzerrung kënnt iwwer d’Lautstäerkt.

Méi ass et net!

Fotoen vum Setup gëtt et hei

An hei ass de Video vun den Opnahmen

Hei kënnt dir den CD bestellen

Fotoen vun der Release-Party den 10.2.2012 am “Sang a Klang”

Friday, February 17th, 2012

De Claude Sibi Sibenaler huet eis eng Rei flott Fotoe gemaach vun der Release-Party vun “Haddocks and French Kisses” am Sang a Klang. E puer hunn ech der hei zesumme gesicht, déi mir extra gutt gefalen.

Hei kënnt dir se kucken

An hei kënnt dir de Video kucken

The Winklepickers - den Interview um 100,7

Sunday, February 12th, 2012

Den 10.2. ass den Interview op 100,7 gesend ginn, dien ech dien Dach virdrunn mam Yves Stephany enregistréiert hat.

Hei kënnt dir e lauschteren

E “Winklepicker” op der Tëlé

Friday, February 10th, 2012

E Mëttwoch war ech mam Claude Bintz vu “Crossroads” am “20 vir” beim Monica op RTL. Mir hunn do “Haddocks and French Kisses” an “Second chance” presentéiert a Reklam fir eis Release Parties gemaach. Fir all déi, déi d’Emissioun verpasst hunn, iewer trotzdeem wollte virwëtzen: hei am Replay kann een se ëmmer nach eng Kéier kucken. Ëmmerhin gëtt ee gewuer, wat dann elo wierklech ee “Winklepicker” ass.
Sou, an elo gëtt et Eeescht! Haut ass dien éischte Gig am Sang a Klang. E ganzt liicht Zéien an de Fanger an och an der Mogéigend spieren ech schonns. Et wäert dach net d’Opreegung sinn…?

Kuckt hei “20 vir” op RTL am Replay

Iwweregens si mir haut Tipp vum Dag an der Wort-Agenda. Villmools merci dem Sabrina Homann fir de Post

An am Tageblatt kënnt dir dien neien CD gewannen