Archive for the 'Musik' Category

Blankenberge - op der Belscher Plage

Tuesday, November 8th, 2011

Esou wéi vill Lëtzebuerger war ech d’lescht Woch op der Belscher Plage an hunn dem Serge Tonnar säi Lidd op de Lëpse gehat. Dobei hunn ech mech drun erënnert, datt ech fir de “Kabaret Sténkdéier” och eng Kéier en Text iwwer d’Belsch Plage geschriwwen hat. Wéi ech nees doheem war, hunn ech nogesicht an et eremfond. Et war fir den 1997er Programm “Perpetuum mobile” an et fënd een et och an eiser éischter Anthologie “Modern Welt”.

Et geet esou:

“Mat eisem Polski-Fiat si mir op Blankenberge gefuer - dacks sinn d’Bremse net méi gaang an den Ueleg gung net duer - An an dem Hotel huet et dann no Kéiskrokette gefacht -  d’Mier war gro an den Himmel och an d’Wellen déi hu gekacht - A wat hu mir Buerge gebaut - et huet een sengen Ae net getraut…”

Klickt hei, wann Dir wëllt de ganzen Text noliesen!

SOS lénksen Zeigefanger

Sunday, October 2nd, 2011

E Rietshänner gräift mat der lénkser Hand d’Säite beim Gitarspillen. Dat ass am Moment mäi Problem. Ech hu mech mat engem superschaarfe Messer a grad die wichtege lénksen Zeigefanger geschnidden, riicht duerch de Nool - et hat net vill gefeelt, da war en zolitt Stéck ganz erof - an elo ass die ganzen Heelungsprozess eng Course mat der Zäit ginn. D’Première vum “Schwaarze Péiter” ass den 13.10.. Am Moment kann ech nach keng Gitar spillen. Mir prouwen d’Lidder ouni Begleedung; wëssen also och net, wéi et herno klengt! Nach ëmmer ass de Fanger déck geschwollen, u Musikmaachen ass nach net ze denken. Drécke mer d’Daumen, dass et nach klappt!

Fulminante Gig - mee de Blues and Jazz Rallye ass an d’Waasser gefall

Sunday, July 17th, 2011

Ganz gutt ass et gëschter gelaf, mir waren alle véier tipptopp a Form a mir hate Chance: knapps war eise Gig eriwwer, dunn huet et ugefaangen wéi aus Eemeren ze schëdden. Déi vill Leit, déi eis nogelauschtert haten, waren op ee Coup verschwonnen a hu probéiert sech ënnerdaach virum Reen ze retten.

Dien Dag virdrunn hat den “L’essentiel” schonns een Artikel iwwer d’Winklepickers an de Blues and Jazz Rallye gedréckt, fir d’Leit esou op den Owend anzestëmmen.

Hei kënnt Dir dien Artikel liesen.

Blues and Jazz Rallye 2011 mat de Winklepickers

Friday, July 8th, 2011

De 16.7.2011, um genee 20.00 Auer spille mir an der “rue de la Tour Jacob” um “Accor Little Blues Corner” eise leschte Gig fir dës Saison. Dono ass Summerpaus an am Hierscht sinn ech mam Kabaret Sténkdéier ënnerwee, esou datt d’Winklepickers och do pauséieren. Nächste Rendez-vous ass dann am Dezember wa mir eisen neien CD “Haddocks and French Kisses” virstellen.

Hei gëtt et Informatiounen iwwer de Blues and Jazz Rallye.

24.6.: D’Winklepickers an der Neumünster Abtei

Friday, June 24th, 2011

Fir d’éischt d’Pateren, dono d’Knackien an elo d’Winklepickers…

Oppassen, de Gig fänkt schonns um 18.00 Auer un. Do musst dir fréi u sinn, a mir och! Nom Te Deum an der Militärparade emol nees eppes Handfestes an der Staadt; zwar och mat Hitt mee vill méi riichteraus.

De Winklepickers-Gig am Bluesclub/Opener fir de Preston Shannon

Tuesday, June 14th, 2011

Méi wéi zefridde ware mir mat eisem Gig die leschte Freideg. De Sall war net ausverkaaft, mee d’Stëmmung war gutt a vun Ufank un hate mir d’Situatioun am Grëff. De Preston Shannon huet mech am éischten Deel vu sengem Optrëtt immens begeeschtert, seng Mëschung aus Blues, Jazz a Soul huet wierklech gedroen. Du sinn iewer op eemol esou Saache wéi Purple Rain, Gitarspille mat der Zong an Ausflich an de Sall komm, déi der Musik méi geschued an héckstens d’Tribüne begeeschtert hunn. De Fuedem war verluer. Schued; occasion râtée!

D’Winklepickers am Bluesclub/Sang a Klang

Tuesday, June 7th, 2011

E Freideg, den 10.6. spillen d’Winklepickers um 20.30 Auer am Bluesclub, rue Vauban, Lëtzebuerg-Pafendall. No eis spillt, an do kënne mir eis all schonns drop freeën, de Preston Shannon, “the king of the beale street”. De Paul ass nees um Dill an esou steet engem flotten Owend näischt am Wee.

“Blues an der Buerg” leider ouni d’Winklepickers

Thursday, May 26th, 2011

Wéinst engem Krankheetsfall kann de Paul Neuen, de Batteur vun de Winklepickers, e Samschdeg net optrieden. D’Winklepickers spillen also dëse Concert net. Fir - gudden - Ersaz ass iewer gesuergt: d’Bandits iwwerhuelen an wäerten d’Bühn zum Wakele bréngen.

28.05.2011: “1. Blues & Jazz an der Buerg” mat de Winklepickers

Friday, May 6th, 2011

Zesumme mat Lupo and Friends an dem Fred Barreto Group spille mir den 28. Mee an der Buerg bei der Jugendherberg. Eise Gig ass fir 22.00 Auer geplangt.

Informatioune gëtt et hei!

burgblues.jpg

The Winklepickers Gigs

Monday, March 14th, 2011

Hei d’Lëscht vun de Concerten, déi mir am Fréijoer spillen. Vläicht hutt Dir eng Kéier Zäit fir laanscht ze kommen:

29.4. Private Party at BBs

28.5. Blues op der Buerg - Buerglënster

10.6. Blues Club - Sang a Klang - Lëtzebuerg

24.6. Blues after Work - Abtei Neumünster - Lëtzebuerg

16.7. Blues & Jazz Rallye - Lëtzebuerg

cfl02small.jpg