Blankenberge - op der Belscher Plage
Esou wéi vill Lëtzebuerger war ech d’lescht Woch op der Belscher Plage an hunn dem Serge Tonnar säi Lidd op de Lëpse gehat. Dobei hunn ech mech drun erënnert, datt ech fir de “Kabaret Sténkdéier” och eng Kéier en Text iwwer d’Belsch Plage geschriwwen hat. Wéi ech nees doheem war, hunn ech nogesicht an et eremfond. Et war fir den 1997er Programm “Perpetuum mobile” an et fënd een et och an eiser éischter Anthologie “Modern Welt”.
Et geet esou:
“Mat eisem Polski-Fiat si mir op Blankenberge gefuer - dacks sinn d’Bremse net méi gaang an den Ueleg gung net duer - An an dem Hotel huet et dann no Kéiskrokette gefacht - d’Mier war gro an den Himmel och an d’Wellen déi hu gekacht - A wat hu mir Buerge gebaut - et huet een sengen Ae net getraut…”