Muedebëtzeg - d’Kritik vum Georges Walther

Ech hat jo scho gesot, datt et bis elo fir mech net onbedingt normal war, datt ech Reaktiounen op meng Bicher an Texter vu Leit kritt hunn, déi mir hier Meenung soen, den Dicks richten, de Marsch blosen…

Zanter “Muedebëtzeg” schingt dat iewer anescht ze sinn. D’Buch beréiert vill Leit an ech kréien och eng Parti Réckmeldungen, iwwer déi ech mech immens freeën.

Esou och déi hei vum Georges Walther. Hie schreift: “Moien, Merci fir dat wonnerbaart Buch. D’Lektür dovun huet mech dozou verleed, mol rëm eng Buchkritik ze schreiwen. Dir fannt se op mengem Blog: http://wp.me/p1LxHH-dZ. Bei Interessi ass verlinken oder zitéieren ausdrécklech erlaabt. Léif Gréiss!

Villmools merci!

Hei kënnt dir d’Kritik liesen

Leave a Reply

You must be logged in to post a comment.