Eng gutt Show!
Et ware ganz vill Leit gëschter op der Presentatioun vu “Roughmix”, domat hat kee wierklech gerechent. De Mix aus Liesen a Musik huet geklappt, war vläicht e besse laang, mee fir déi “éischte Kéier” hëllt een sech ëmmer zevill vir. D’Kritike ware super, mee mir brauche jo och net vill . Mir schaffe weider um Mix fir den Hierscht, wa mer mat der Show op Tournée ginn.
E ganz décke MERCI dem Lieshaus, dem Kulturhaus, dem Verlag Op der Lay an domat mengen ech all déi Leit, déi sech gëschter beméit hunn.
D’Fläschepost ass elo also ënnerwee, wien se alles opmécht a wat draus gëtt, wees ech net.