Béierdéckelsgespréicher 2011, déi grouss Biergpriedegt
E Samschdeg den Owend war ech an d’Mierscher Kulturhaus de Jay Schiltz, net Famill mam Lulu, wéi hien ausdrécklech betount, kucken, oder besser gesot lauschteren. Die grousse Priedeger huet eis, am Stil vun de 70`, zolitt d’Levite gelies, eis et uerdentlech lafe gelooss, eis zerguttst op d’Fanger geklappt. An dat bescht, iwwer sengem Monolog huet hien sech esou richteg an d’Roserei geried, an eis esouguer erkläert, firwat hie Kabaret mécht. Esou eppes hate mir scho laang net méi!
Gitt d’Béierdéckelsgespréicher 2011 kucken!