Wantergeschichten…

Nicolas Premier

Frot Dir Iech och dacks, firwat déi eng oder aner Elteren hier Kanner op Plaze matschleefen, op dienen se definitiv näischt verluer hunn?

Esou eng Plaz waren d’Expositiounshalen, an dienen de Premier elo just ugefaangen hat, seng Ried ze halen. Eng laang Ried, eng komplizéiert Ried, déi fir die klenge Männchen, die säi Papp elo just nieft mech gestallt hat, esou zimlech dat langweilegst muss sinn, dat dien sech virstelle kann.

Wéi de Premier ugekënnegt huet, d’Steieren erofzesetzen, eppes wat en an all Sonndesried versprécht, dun huet de Papp vun Jong zu mir gesot, datt de Premier elo nees Kleesche géif spillen an de Leit Kadoe verspréich.

Dem Jong seng Aen iewer hunn ugefaangen ze liichten, wéi hien dat Wuert „Kleeschen“ héieren huet, grad esou wéi meng fréier ëmmer geliicht hunn. Ech hu gesinn, wéi fir de Bouf aus diem groen, oninteressante Premier die Mann mam laange wäisse Baart ginn ass, mat diem komeschen Hutt um Kapp, engem laange Bengel an der Hand, gekleed an diem roude Mantel, die bis op de Buedem reecht. Och ech hunn dien viru mir gesinn.

An die Kleeschen, dien elo virun eis stung, huet net méi vu Steieren a Scholden an EU-Aussegrenze geschwat, mee vu Séissegkeeten a Spillsaachen huet e geschwäermt. Hien huet all Mënsch wëllkomm geheescht, jo, hien huet „Mënsch“ gesot, net Lëtzebuerger oder Auslänner, net Strummert, Chomeur oder Banker, net Chrëscht, Moslem oder Judd. An hien huet jidderengem genuch fir z’iesse versprach, een Daach iwwerem Kapp, Bicher an ee Schoulmeeschter, a Leit, déi et gutt mat em mengen.

Dem Bouf a mir ass et waarm ginn, et louch eppes Tréischtleches iwwer den Halen, d’Luucht war net méi esou kal an haart a wann s de ganz gutt gelauschtert hues, konns de héieren, datt vu Fären, eng roueg, einfach Melodi lues a lues de Sall ausgefëllt huet.

©Roland Meyer

Comments are closed.