E Broch - Text aus “Eng Dier an d’Welt” vun “20 Joer Freed um Liesen”
„Dat ass ee Broch“, hat den Dokter gesot. „Die musse mir operéieren.“
Mat siwe Joer weess een net, wat e Broch ass. Et huet een och nëmmen eng vague Virstellung, wat operéieren ass. Mee et spiert een, datt dat alles näischt schéines ass. Den Openthalt an der Klinik, dat schlecht Iessen, du kanns dech net bewegen, muss am Bett leien.
Eng eeler Nonn sollt mir d’Stéch eraushuelen. „Deet dat wéi?“, hat ech se gefrot. „A wouhier“, hat si geäntwert a mir an d’Gesiicht gelaacht. „E bëssen, net vill“, hat meng Mamm se verbessert, an ech hat verstan. „Kann ech dat selwer maachen?“, hunn ech d’Nonn gefrot. Ech hunn um ieweschten Eck vun der Plooschter gepiddelt. Mee déi war esou gutt wéi mat menger Haut verschmëlzt. Ëmmer wann ech dru gezunn hunn, ganz lues a virsiichteg, hunn ech de Schnatt vun der Operatioun gespuert.
„Komm, mäi Jong“, sot d’Nonn, „ech hëllefen dir.“
„Léiwer net“, sot ech an hu weider probéiert. Der Nonn ass d’Zäit laang ginn.
D’Dir ass opgaangen. Den Dokter koum eran. „Wéi, ass d’Plooschter nach ëmmer drop!“
Ech hunn ee Moment opgekuckt, fir die Mann, die mir d’Liewe gerett hat, ze bewonneren, an du war et och scho geschitt: déi hannerhälteg Nonn hat mäi Virwëtz ausgenotzt. Hier Fangeren haten de Wupp vun der Plooschter ze pake kritt a mat engem Geräisch, dat ech bis haut net vergiess hunn, dien zéie Plastik an engem Zock erofgerappt. Ech hunn ausser mir op dien déifroude Schnatt gekuckt, die mat engem Zwir onregelméisseg zesummegebutt war.
Wéi meng Mamm mech nees mat mengen Bett op d’Zëmmer gerullt hat, huet si sech nieft mech gesat, an aus hirer Posch ee Pak erausgezunn. Fir ee Matchbox-Auto war de Pak ze grouss. Fir eng „Schéiss“, eng Pistoul mat Knupperten op enger rouder plastiks Rull, war de Pak ze schmuel, an och fir ee Sprëtzrevolver huet en net gepasst.
De Pak war schwéier, en hat Gewiicht. Op den Ecke war e spatz. Et war kee Plastik mee e Buch, e Liesbuch, mat ville Buschtawen, a mat just e puer Biller. Ech war esou enttäuscht, wéi nach ni a mengen Liewen.
Ouni d’Buch wieder ze bekucken, hunn ech et op d’Decke vum Bett geluecht. D’Wonn huet wéigedoen an ech war duuschtereg an hongereg. Meng Mamm huet d’Buch an de Grapp geholl, et opgeschloen an ugefaangen draus virzeliesen.
D’Wierder si laanscht meng Ouere gefladdert a wéi Seefeblosen iergendwou an der Keelt vum Klinikszëmmer geplatzt. Mee op eemol hunn ech ugefaangen, hinnen nozelauschteren, a se hunn eng Bedeitung kritt. Am Ufank huet et mech net interesséiert, wat déi zwee Kanner, vun dienen d’Wierder verzielt hunn, am Fort La Latte wëlles haten. Mee dunn hunn ech matkritt, datt et em ee Schatz gaangen ass, die viru laanger Zäit verstoppt gouf, an datt scho vill Leit dono gesicht haten.
Ech hu gemierkt, datt et ronderëm mech net méi no Klinik geroch huet, mee nom Mier. Ech hunn de Wand gespuert, ech hunn d’Méiwen héieren an d’Donnerwieder, dat an d’Land gezunn ass. Ech war an der Festung, ech hunn do no Gold, Sëlwer an Edelsteng gesicht. Ech hat keen Honger a keen Duuscht méi, wëll ech hu missen op déi zwou verdächteg Gestalten oppassen, déi spéit owes iwwer d’Festungsmauere geklomm sinn.
„Lies weider!“, sot ech.
„Ech muss elo heem“, sot si.
„Nach e bëssen, just nach zwou Säiten.“
Déi zwee Luscher haten elo gemierkt, datt d’Kanner si verfollegt hunn.
„Nach eng Säit!“
„Nee, elo geet et duer!“
D’Kanner si séier erof bei d’Mier op der Strand gelaf, an hu sech an enger Hiel verstoppt.
„Bis mar!“
Wéi si fort war, hunn ech d’Buch bekuckt, dat op hirem Stull, nieft mengen Bett, leie bliwwe war. Laang hunn ech et bekuckt…
Et huet immens wéi gedoen, wéi ech mech am Bett opgeriicht hunn. Ech hunn ee Moment gefaart, d’Wonn kënnt nees opplatzen. Et huet nach méi wéigedoen, wéi ech die rietsen Aarm ausgestreckt hunn, mee ech hunn d’Buch tatsächlech ze pake kritt, hu mech zréck a meng Kësse fale gelooss an hu séier no dier Plaz gesicht, wou d’Mamm eng vun de Säiten emgediebelt hat.
Die Geroch vum neie Buch hunn ech haut nach an der Nues. Ech war esou gespaant fir wiederzeliesen, datt ech net lues gemaach hunn: ech hunn d’Buch regelrecht opgebrach, et huet do, wou et gebonne war, gekréckelt. Meng Mamm hat d’Säite ganz duuss a virsiichteg ëmgedréint, ech hu se elo mat aller Kraaft opgeschloen an et konnt ee gutt den Ënnerscheed zwëschen diene Säite gesinn, déi ech gelies a si virgelies hat. Haut maachen ech dat nach genee esou. Et gesäit een de Bicher of, wann ech se gelies hunn.
An ech hu wierklech verstanen, wat all déi sëllech Buschtawe bedeit hunn, wat se mir sollte soen. Et ass mir virkomm, wéi wa se just fir mech dohinner geschriwwe goufen, nëmme fir datt ech se sollt entzifferen, entbuschtawéieren: Ech war an der Bretagne, obwuel ech die Numm bis dohinner ni héieren hat. Ech war op der Buerg, ech war um Strand, ech si laanscht d’Mier spadséiert. Ech hu mat dienen zwee Kanner geschwat, ech hu mat hinne geziddert, ënnen, an der Hiel, wéi déi zwee Gangster laanscht geschlach sinn. Och mir ass d’Häerz stoe bliwwen, wéi dien ee vun hinnen op eis Spueren am Sand gewisen huet.
Ech misst iewer elo d’Luucht ausmaachen, sot d’Schwëster zu mir, et wier elo schonn no aacht Auer. „Nuecht“, sot ech mee ech hu weidergelies, wéi si d’Dir zou hat.
Vun diem Moment un hunn ech weidergelies. Ech hunn net méi opgehal mat liesen, bis haut net. Ech hu weidergelies, an ech si gewuer ginn, datt die verschwonnene Goldschatz an de Kanounekugele verstoppt war, déi bei der Entrée vun der Buerg louchen, an datt déi zwee Luscher tatsächlech keng Gutt waren an zum Schluss an de Prisong koumen. Ech hu weidergelies, an ech hunn de Long John Silver kenne geléiert, de Captain Ahab an den Tom Sawyer. Ech sinn duerch d’Welt gereest, war zu Batavia an op Sumatra, ech war dobäi, wéi d’Nord-West-Passage fond an de Südkontinent entdeckt goufen. Ech hunn d’Anne an d’Christiane kenne geléiert, den Jack an de Steppenwolf.
Hätt ech net gelies, wiere si mir ni iwwer de Wee gelaf. Virun allem iewer hunn ech beim Liesen ee kenne geléiert, die mir bis dohinner onheemlech friem war: mech selwer.