“The Winklepickers” an der Lënster Stuff
Den 2. Mee um 21.00 Auer ass et nees esou wäit: ee vun dienen op de Fangeren ofgezielte Gigs vum Roger a vu mir: dës Kéier an der Lënster Stuff.
Fir all déi, déi zu Veinen net bäikomm sinn…
Fir all déi, déi handgemaachte Musik gär hunn: zwee Männer, eng Gitar, eng Harmonika an dräi Akkorden…
Fir all déi, déi fir de Blues brennen…
… an natierlech och fir all déi aner, déi einfach nëmmen e saucoolen Owend verbrénge wëllen.
Best Stuff!