Muedebëtzeg
“Muedebëtzeg” ass bei “Op der Lay” erauskomm. Ech hunn dräi Joer dru geschafft an déi Aarbecht huet mir gehollef, iwwer eng schwéier Zäit ewegzekommen.
Zu dësem Zäitpunkt gëtt a Lëtzebuerg all Woch op d’mannst ee Fall vu Broschtkriibs detektéiert, an, wéi et ausgesäit, klëmmt dës Zuel nach weider. Ech si keen Dokter a kann also och net iwwer déi medezinnesch Säit vun dëser “Epidemie” schwätzen. Ech si Schrëftsteller an esou hunn ech mech a “Muedebëtzeg” mat der psychescher a sozialer Säit vun dëser Krankheet beschäftegt. Dozou koum, datt ech a mengem ganz enke Familljekrees ee Fall vu Broschtkriibs erlieft hunn: vun der Detektioun iwwer d’Operatioun bis bei d’Nowierkungen. Ech weess vu wat ech schreiwen.
De Broschtkriibs ass a “Muedebëtzeg” iewer och zu engem Synonym fir de Verfall, d’Krankheet, d’Alteren, den Ënnergang an den Doud ginn. An dat net nëmmen op individuellem mee och op gesellschaftlechem Niveau.
Zu Lëtzebuerg ass eppes lousch. Leid och eis Gesellschaft u Kriibs, ass och si “muedebëtzeg”? Egoismus, Korruptioun, Konkurrenz an d’Fele vu Solidaritéit… Dann d’Angscht vun der Mëttelschicht ofzerutschen, hier Privilegien ze verléieren. All déi Beamten, déi bis elo an engem gutt geschützten, ofgeschiermten “Biotop” gelieft hunn, déi geroden op eng Kéier ënner Drock. Renten- a Schoulreformsdebatten weisen dat, a si sinn eréischt den Ufank.
Gëtt alles, wat bis elo als Acquis ugesi gouf, an der internationaler, globaler Course zur Dispositioun gestalt? Wéi laang ka Lëtzebuerg nach seng Privilegien verdeedegen? Wéi laang kann et se nach iwwer d’Zäit retten? An… ass et wierklech just nach eng Fro vun der Zäit?
D’Verschmëlze vun esou enge gesellschaftlechen mat individuellen, perséinlechen Entwécklungen a Schicksalen ass et, wat “Muedebëtzeg” zu engem moderne Buch mécht, zu “diem Buch, dat zu Lëtzebuerg gefeelt huet”, wéi de Robert “Gollo” Steffen et ausdréckt. An natierlech d’Aart a Weis fir iwwer Sex ze schreiwen, och si gouf et esou nach net hei am Land.
Déi vill Akzidenter aus diene leschte Wochen, déi zu Cattenom geschitt sinn, maachen Angscht. Déi Angscht ass iewer net nei. Et gouf se schonns laang viru Cattenom an deemools koum se och aus dem Frankräich: zu Marville um Kierfecht leie Kanner begrouwen, déi um Dag vun hierer Gebuert gestuerwe sinn…
Hei weider Infoen iwwer d’Buch an och Kritiken aus der Press