D’Youtube-Filmer vum Zikelalarm II sinn elo do

February 3rd, 2016

Een décke Merci dem Claude Sibi Sibenaler an dem Perry Poos fir hier vill Aarbecht. Zu Miersch am Kulturhaus, den 19.1.2016 sinn d’Opnahme gemaach ginn.

Hei kënnt dir se kucken:

Zikelalarm II: De Wocheplang

Zikelalarm II: De Schraufstack, een Albdram

Zikelalarm II: De Beroder

Zikelalarm II: D’Zikelversammlung

Zikelalarm II: D’Sprangstonn

Vill Spass!

Liesungen am Februar a Mäerz …. , fir déi Grouss!

February 1st, 2016

16.2.: Zikelalarm II zu Walfer

19.2.: Zikelalarm II zu Woltz

4.3.: Zikelalarm II zu Käerch

12.3.: Muedebëtzeg a Roughmix zu Waasserbëlleg

17.3.: Zikelalarm II zu Housen (schoulintern Virstellung)

12.4.: Muedebëtzeg a Roughmix zu Betebuerg

15.4.: Muedebëtzeg a Roughmix zu Ingeldorf

12.12.: Zikelalarm II zu Déifferdeng

Hei sinn d’Liesungen fir d’Schoulen net opgefouert.

Wann dir un enger Liesung interesséiert sidd: meyerr@gms.lu

“Den décken dommen Dudu” ass elo an der 4. Oplo do

February 1st, 2016

Wien hätt dem Didier esou eng Konditioun zougetraut?

2004 erauskomm, 2008 an déi 2. Oplo gaang, 2013 dunn an déi 3. an elo ass hie bei dier 4. ukomm. Deemno e risegen Erfolleg fir esou ee “Fettsak mat spezifischem Förderbedarf” oder eben en Dys-Kid, wéi dat haut esou mediewierksam heescht.

Hei kritt dir d’Buch, … wann dir et net scho laang hutt.

“Den Didier Dusseldorfer, die vun all Mënsch just Dudu genannt gëtt, ass net zefridde mat sengem Numm: et sinn einfach zevill Deeën drann! Wéi kann aus engem Jong eppes ginn, dien esou een Numm huet?

Mee dat ass net dien eenzege Problem vum Dudu, neen, hien esst och zevill, a wëll en dat elo schonns zanter datt hien sech erënnere ka mecht, ass aus him en zimlech décke Kärel ginn. An esou huet hien et dann och schwéier, fir an enger Welt, wou et ëmmer méi em d’Ausgesi geet, zu eppes ze kommen.

Hien ass an d’Ginette vertléift, mee traut sech net, hatt unzespriechen. Hie gëtt verdächtegt, an der Schoul d’Toilettendiren futti gemaach ze hunn, mee hie bréngt et net fäerdeg fir ze soen, wien et wierklech war. An der Welt vun der Tëlé kommen esou Kanner wéi hien net vir; am Bravo zielt hien iwwer 800 Fotoën, mee et sinn der just zwou drënner, vun décke Leit: hie versteet net firwat. Den Dudu flücht sech a seng eege Welt. Eng Welt, déi hie sech esou zesumme reimt, wéi se him passt an zum Schluss kritt hie grouss Problemer, fir de Buedem ënner de Féiss net ze verléieren.

Dem Auteur ass hei de Portrait vun engem 12-13jähregen Jugendleche gelongen, wéi et der bei eis ëmmer méi dacks gëtt. Wivill Kanner hunn haut schonns zolitt Gewiichtsproblemer a kee Mënsch, dien hinne kënnt weisen, wéi een domadder emgoe kann? Famillen, déi ausernee falen, Schoulen déi op esou Problemer net agestallt sinn a eng Mediewelt, déi ëmmer méi zur Scheinwelt gëtt an diene Jonken e Liewe virspillt, dat et esou net gëtt… Mat dem décken dommen Dudu liest Dir eng modern Erzielung, déi et an dëser Aart zu Lëtzebuerg net gëtt. E ganzt wichtegt Buch och fir all Leit, déi eppes mat Kanner ze dinn hunn, a Kanner Eescht huelen!

De Roland Meyer ass Auteur, Kabarettist (Kabaret Sténkdéier a Lëtzebuerger Revue), (Kanner-)Theaterregisseur, Bluesmusiker a Schoulmeeschter.
2012 kruet hie fir „Muedebëtzeg“ de Lëtzebuerger Buchpräis fir Literatur an 2015 de Servais-Prais fir “Roughmix”.”

Tonight showtime: Zikelalarm II den 29.1. an der Stadt um 19.30 Auer

January 29th, 2016

Freides, den 29. Januar um 19.15 Auer am Restaurant INSIDE; 37, avenue Pasteur, Luxembourg

fgil@ats präsentéiert:

Zikelalarm II

e Liesowend vun a mam Roland Meyer

Weider Infoe gëtt et hei

Tonight showtime: Zikelalarm II zu Ierpeldeng an der Schoul um 19.30 Auer

January 27th, 2016

En Dag am Liewen vun engem Enseignant… dat ass de Motto vum Zikelalarm II, der kabarettistescher Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg. Vun a mam Roland Meyer.

Haut den Owend, de 27.1.2016 um 19.30 Auer geet et lass. Zu Ierledeng bei Ettelbréck an der Schoul.

Entrée 8 €/ Ierzebulli 6€

Reservéiert är Plazen iwwert lucien.weis@education.lu oder 691 687 384 bis de 24.01.2016

Den Text vum Zikelalarm I gëtt et och als Buch, ass bei Op der Lay erauskomm, an elo pünktlech an der zweeter Oplo do.

Zikelalarm II de 16.2. zu Walfer

January 22nd, 2016

D’AIP organiséiert dës Soirée de 16.2. um 20.00 Auer am Centre Prince Henri zu Walfer. Hei den Text:

„ZIKELALARM II: eng kabarettistesch Liesung mat dem Roland Meyer.
Kommt zu ganz dacks a loosst ons nach emol zesumme laachen iwwert „en Dag am Liewe vun engem Enseignant…“.
Dat ass de Motto vum Zikelalarm II, der kabarettistescher Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg.
Wou? –> an der Salle de projecJon ( 1. Stack ) vun dem Centre Prince Henri zu Walfer
Wéini? –> de 16. Februar 2016 um 20h00
Den Entrée ass fräi
Well d’Plaze limitéiert sinn op 70, meld iech w.e.g un op der email-Adress: joelle.niederweis@education.lu a sot ons, wéivill Plazen dir reservéiert - déi Ëischt si vir!”

Neien Datum fir den Zikelalarm am Prabelli zu Woltz: 19.2. um 19.30 Auer

January 21st, 2016

Wéinst dem Schnéi war en ofgesot ginn, elo gëtt et en neien Datum: den 19.2. um 19.30 Auer.
“Aktionismus! Et muss eppes geschéien an et ass och komplett egal wat, mee et muss ëmmer eppes um Lafe sinn. Datt all déi Eenzelmoossnamen, elo nees 89 Stéck, 89, dat muss een sech emol virstellen, dat muss een sech op der Zong zergoe loossen(!), datt déi all seelen an déi selwecht Richtung zéien, stéiert déi mannst.
Wivill esou gehierverbrannt, total iwwerflësseg a just zu Alibizwecke genotzte Mossnahmen goufen an diene leschte Joeren op Orbit geschoss, iwwer de gringe Kléi gelueft an dono an de Gins gesat: wiem hu se eppes genotzt, wien hat se gefrot, a wat hu se kascht!?
Mir Erwuesse reegen eis driwwer op, … mee d’Kanner mussen et ausbueden!”

Zikelalarm II zu Ierpeldeng bei Ettelbreck de 27. Januar 2016

January 19th, 2016

e Mëttwoch, de 27. Januar 2016
ëm 19.30 Auer am Hall vum Schoulzentrum Ierpeldeng
Entrée 8 €/ Ierzebulli 6€
Reservéiert är Plazen iwwert lucien.weis@education.lu oder 691 687 384 bis de 24.01.2016
(mat oder ouni Ierzebulli)

Tonight showtime: Zikelalarm II zu Miersch am Kulturhaus um 19.30 Auer

January 19th, 2016

En Dag am Liewen vun engem Enseignant… dat ass de Motto vum Zikelalarm II, der kabarettistescher Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg. Vun a mam Roland Meyer.

Den 19.1.2016 um 19.30 Auer geet et lass.
Den Text vum Zikelalarm I gëtt et och als Buch, ass bei Op der Lay erauskomm, a pünktlech fir haut ass déi zweet Oplo do.

Zikelalarm II zu Woltz am Prabelli den Owend ofgesot!

January 15th, 2016

Den Zikelalarm II, dien den Owend, de 15.1. um 19.30, zu Woltz am Prabelli sollt sinn, ass wéinst dem Schnéi ofgesot!