January 17th, 2018
Zu Biergem am Kulturzentrum beim Nëssert ass d’Première vu Food Leaks.
Dëser Deeg hunn ech nach eng Kéier die ganzen Text iwwerschafft, an ech fänken esou lues un onroueg ze ginn! Bis elo war et nach ëmmer esou wäit….
Hei fand dir all déi wichteg Informatiounen an, natierlech, geet et em d’Iessen. Lëtzebuerg ee Vollek vun diskrete Fréisser, ech hunn dëst Vollek während engem Joer begleed, souz mat em um Dësch, doheem, am Gaart an am Restaurant…
Posted in Publikatiounen, Bicher, Kabaret | No Comments »
December 15th, 2017
De Roger Melcher an ech sinn nees am Ancien Cinéma. Alleng dat ass fir eis schonns ee Grond sech ze freeën! Nodeems de Paul Lebrun eis fir ëmmer verlooss hat, stung fir de Rosch a fir mech fest, datt mir net méi esou weiderfuere kéinten. Mir hunn also e gutt Joer Paus gemaach an halen d’Winklepickers elo op eng ganz aner Aart a Weis um Liewen an domat de Paul an Éieren: eng Harp an eng akustesch Gitar mussen duergoen, fir alles dat, wat d’Winklepickers wierklech ausgezeechent huet, ze transportéieren: d’Intensitéit an den Humouer.
Mat just e puer op der Hand ausgewielte Gigs am Joer wëlle mir dëse Projet weiderféieren. Nächst Statioun op dësem Trip ass den Ancien Cinéma, eng Location, op dier mir eis ëmmer extra gutt gefillt hunn a wou mir extra gär gespillt hunn well mir gespuert hunn, datt mir do extra wëllkomm waren. Mat engem erweiderte Programm triede mir de 27.1. um 20.00 Auer zu Veinen op…
… a weider Informatioune gëtt et hei.
Posted in Publikatiounen, Musik | No Comments »
November 20th, 2017
Haut ass Roudag!
Déi lescht Woch zu Miersch war ustrengend, méindes scho Prouf, dono all owes eng Virstellung… mee mir si méi wéi zefridden.
Déi nächst Woch bleiwe mir zu Miersch, allerdings sinn d’Virstellungen do all ausverkaaft. Wann Dir also nach keen Ticket hutt, da bleift just nach Biergem. Dohinner plënnere mir den 30. November an den 1. an 2. Dezember. Plaze gëtt nach fir déi dräi Owenter am Kulturzenter beim Nëssert …
… a bestelle kënnt Dir se hei.
Posted in Publikatiounen, Kabaret | No Comments »
November 17th, 2017
Hei meng kleng Ried, déi de Remy Kraus gëschter owend zu Walfer virgelies huet:
Villmools merci léiwe Jury!
Ech wees net, ob Dir Iech virstelle kënnt, wat fir eng Freed Dir mir elo grad an dësem Moment gemaach hutt! Ech, dien ech mech - ëmmer nach, an an éischter Linn - als Kannerbuchauteur gesinn, kréie fir eent vu menge Kannerbicher e Präis, dien net op Klicken mee op der Kompetenz vun engem Jury berout…
Ech kënnt platze vu Freed!
Och wann ech elo net hei - dat heescht do - sinn, an och wann ech dien Text hei virun e puer Deeg scho geschriwwen hun, also ier dëse - bal - schéinste Moment a mengem Liewen tatsächlech geschitt, esou fillen ech dach elo 10 Kilometer méi nördlech, am Mierscher Kulturhaus, zesumme mat de Kollege vum Kabaret Sténkdéier, d’Vibratiounen, déi vun em ausginn.
Just eppes… Dir wësst, als Kabarettist an Humanist, also als Mënsch, kritiséiert een ëmmer dat, wat een am léifsten huet a wat engem am meeschten um Häerz läit, och wann esou Kritiken net ëmmer gär gehéiert ginn, an nach manner dacks esou verstane ginn, wéi se gemengt waren, wat jo an der Natur vun hinne läit. Deemno: weist w.e.gl. méi Empathie fir d’Kanner- an d’Jugendliteratur an zielt se zum Beispill bei der Benennung vun de Kategorien vum Lëtzebuerger Buchpräis zur Literatur. Ech selwer verstinn net, firwat just Bicher fir Erwuessener als Literatur bezeechent ginn, d’Kanner- an d’Jugendbicher iewer just ënner Kanner- a Jugendbicher fungéieren - firwat net Kanner- a Jugendliteratur … honi soit qui mal y pense!
Fir mech sinn all d’Kanner- an d’Jugendbicher op dëser Shortlist mat absoluter Sécherheet vollwäerteg Literatur!
Villmools merci de Bicherediteuren am Allgemengen an “Op der Lay” am Besonneschen, merci Doris a Gollo fir äre 24 op 24 Stonne Service! An elo kann ech endlech och vun der Geleeënheet profitéieren, mengem allerbeschte Kolleg a laangjährege Lektor Remy Kraus vu ganzem Häerze MERCI ze soen.
Posted in Publikatiounen, Bicher, Kabaret | No Comments »
November 13th, 2017
Méindeg, den 13.11. ass Plënnerdag. De Kabaret Sténkdéier plënnert op Miersch, an dat mat engem An dat laacht an engem dat kräischt!
Et war nämlech flott zu Maarnech am Cube, mir si gutt empfaangen an ënnerstëtzt ginn, mir hunn eis wuel gefillt an et ware ganz vill zefridde Leit kucke komm. Dat freet eis enorm.
Haut gëtt d’Bühn zu Miersch am Kulturhaus opgeriicht, den Owend eng lescht Prouf, et gëtt “ageliicht”, an dann hoffe mir, datt et zu Miersch grad esou gutt klappt wéi am Éislek. Mir si prett an d’Virstellunge si geschwënn all ausverkaf…. deemno heescht et sech bäimaachen, wann ee sech gär op Miersch an de Stau sëtze geet.
Hei gëtt et déi lescht Ticketen!
Posted in Publikatiounen, Kabaret | No Comments »
November 9th, 2017
Eng Première heescht et ze iwwerstoen. Mir hu se iwwerstanen, esouguer ganz gut!
Goufen et an dienen éischte Stécker nach e puer Onsécherheeten, esou huet dat sech vun der véierter Nummer u geluecht an et huet vun do un alles geklappt.
Fir haut bedeit et dann sech nach ze verbesseren, an dat ass dann och de Programm fir den Owend: net nëmmen derduerch kommen, mee et besser maachen wéi gëschter.
Villmools merci all de Leit déi gëschter do waren, et war ee flotten Owend!
Op www.stenkdeier.lu fand Dir elo och schonns e ganze Koup Fotoen vum 2017er Programm vum Claude “Sibi” Sibenaler. Wann Dir ee Moment Zäit hutt, da gitt se kucken…
Posted in Publikatiounen, Kabaret | No Comments »
November 6th, 2017
Ee Mount Prouwen leien hannert eis, et ware keng einfach Wochen, verschidde Krankheetsfäll hu virun allem den Ufank zimlech holprech gemaach, esou datt mir net direkt de Ritmus font hunn. Elo op de leschte Meter ass et besser gaangen, den Owend éischt Prouf op der grousser Bühn, mar Generalprouf, e Mëttwoch Première.
A wéi ëmmer déi selwecht Froen, wann s de am Tunnel bass: Klappt et och dëst Joer? Gefällt et de Leit? Erreeche mir d’Leit?
E puer Plaze gëtt et nach hei!
Posted in Publikatiounen, Kabaret, Theater | No Comments »
October 25th, 2017
Den Telmo an ech, mir zwee gingen eis gigantesch freeën, wann Dir fir eis beim Lëtzebuerger Buchpräis gingt ofstëmmen.
Et huet den 23. Oktober ugefaangen an et geet bis e Sonndeg, 5. November.
Hei de Link vun der Reportage op RTL
An kënnt Dir ofstëmmen
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
October 25th, 2017
An hei déi aktuell Terminer fir d’Food Leaks:
27.02.: Nëssert Biergem
01.03.: Bibliothéik Ettelbreck
23.03.: Prabelli Woltz
24.03.: Hobscheid
03. & 04.05: Kulturhaus Miersch
08.05.: Cercle Lëtzebuerg
13.10.: Lëntgen
19.10.: Peppeng
26.11.: Differdange - Alt Stadhaus
28.11.: Kulturhaus Nideranven
Do kommen nach déi eng oder aner dobäi, an dir kënnt iech mellen, wann dir un esou enger kabarettistescher Liesung interesséiert sidd…
Food Leaks - Eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer:
“Du bass wat s du ëss!”, sot emol ee méi oder manner gescheite Mënsch an esou stellt sech dann och direkt folgend Fro: Ernährt sech ee Populist anescht wéi een Nationalist, ee Sozialist, ee Kommunist oder soss een Artist?
Kachkéis, Quetschentaart a Bouneschlupp fir déi Konservativ a Sushi, Tofu a Smoothy fir déi Progrssiv? Wann ëmmer alles esou einfach wir!
A wou gëtt hei am Ländchen iwwerhaapt d’Politik gemaach? Mat Sécherheet net um Krautmaart. Hei bei eis gouf, gëtt a wäert déi och ëmmer um Dësch, am Restaurant, am Bistro, op Grill-, Dëppen- an a leschter Zäit och ëmmer méi dacks op Oktoberfester gemaach ginn. Well do seet de Lëtzebuerger, wat en denkt.
Fir Iessen an Drénken ass deemno beschtens gesuergt!
Nom groussen Erfolleg vu sengen “Zikelalarm-Programmer” hëlt de Roland Meyer an enger neier kabarettistescher Liesung de Mond gehéierlech voll an zervéiert Iech e spektakuläre Menu: Fastfood, guttbiergerlech Kichen an Haute Cuisine aus engem Land, an diem Ausdréck wéi “gutt a vill” grad esou wéi “Fräibéier” nach ëmmer ee ganz besonnesche Klang hunn.
Posted in Publikatiounen, Bicher, Kabaret | No Comments »
October 19th, 2017
Gutt Noriicht gëschter owend an der Kabaretsprouf: “Tel Mo” ass op der Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie “Kanner- a Jugendbuch”.
Dann hale mir him elo ganz fest d’Daumen, verdingt huet hien et op alle Fall!
Hei de Link op RTL
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »